top of page

Réng :

 

What you imagine is what you create!

 

Alles huet mat engem futtisse Rank vu menger Fra ugefaangen. Ech wollt en einfach just flécken.

Dorausser ass lues a lues eng Kreatiounsidi entstanen, mat Schrauwen, Sëlverbesteck, Holz, Messeng, Koffer, Tantal Gold divers Réng ze gestalten.

​

Ganz nei ass och lo, dass ech mat Hoer aus der Paerdsmähn schaffen.

Dir gesitt, et si (bal) keng Grenze gesat, an ech sinn op fir iech e Rank no äre Wënsch ze gestalten.

Vu Réng iwwert Brochen oder Kettenunhänger:

​

Aër Idi, meng Kreatioun!

​

Stéchwierder:

Keng Réng di jiddereen huet-Upcycling-sur commande-aus aal maach nei-Eenzelstécker-verréckt Idien-interessant Materialien.

Alles huet en Ufank : Mell dech bei mir an da kucke mir zesummen, wi däi perséinleche Rank waërt ausgesinn.

 

Fotoen :

​

¨Näischt ass wi et schéngt“

​

Des Fotoen si mam Iphone spontan gemaach ginn. Et sinn Alldaagsgéigestänn oder Momenter, wou ech eppes méi dra gesinn hunn. 

Loost äerer Kreativitéit fräie Laf.

Dir kënnt des Fotoe bestellen a mer soen welch Gréisst dir wëllt hunn. 

bottom of page